|
Folgender Text kann unter diesem Link nachgelesen werden : http://www.politikercheck.lu/index.php?cmd=20193&id=21783&fragen=p819#fragen 26.05.2009 Fro vum
| Moien Madame Loschetter Ech wollt hei mol eng Fro lass gin zum edukativem Secteur. An der neier ecole fondamentale huet dest Personal jo och eng Roll ze gewährleeschten. Leider geseit et sou aus, wei wann kuerz virun Schluss do un der Tache vun desem Personal dann nach an allen Richtungen gewerkelt geng gin, fir dass dest Personal op sou vill wei meiglech Plaatzen nach kann interveneiren, sou e bessi Fraa fir alles kann sin. Wei stellt dir iech eng Zesummenaarbecht vun desem Personal mat den Schoulmeeschteren fir, wann des Leit och nach mussen Bustransport maan, Accueil an den Maison Relais... Mir gesin einfach do e bessi vill Problemer fir eng gudd Zesummenaarbecht ze gewährleeschten, an Praxis huet och an den leschten Joeren bewisen, dass des Zesummenaarbecht op deenen Gemengen wou Leit Fraa fir alles waaren net sou fonktionneiert huet wei op deenen aaneren Gemengen, wou den Beruff schons einfach mei respekteiert gin ass, an och dei neideg Prepazeit zur Verfüfung gestallt gin ass. Daat ganzt geseit jo aus wei wann et geif scheiteren duerch dei Inkompatibiliteit zweschent dem A Kader an dem E KAder: Meng Fro: Wei stellt dir iech vir keint desen Problem geleist gin, fir dass eng gudd Zesummenaarbecht an den Schoulen zweschent den gesamten Intervenants meiglech wier am Interessi vun all eisen Kanner ? Merci am viraus fir eng Äntwert | 27.05.2009 Äntwert vum Viviane Loschetter
| | Gudden Moien Madame , flott och mol iwert desen Wée eppes vun Iech ze héieren. Am neien Gesetzt iwert den enseignement fondamental ass am RGD, déen d´tâche vum Sozialpädagog definéiert, net grendlech iwert d´Complémentaritéit vun den Missiounen vum Sozialpädagog am Schoulsystem reflektéiert gin! Ech erklären mech: Den Sozialpädagog an d´Sozialpädagogin hun eng komplémentär Missioun an der Schoul, hien /si soll virun allem den volet vun den Sozialkompetenzen bei den Kanner förderen. Endlech ass am neien Schoulgesetzt och agesin gin, dat d´Schoul net nemmen do ass fir ze léieren (savoir), mée och fir bei den Kanner den "savoir-faire" an den "savoir-être" ze entweckelen. Dest Kompetenzen sin op mannst esou wichteg fir herno am Liewen éens ze gin! An precisément sin dat d´Missiounen, déi den Sozialpädagog an Sozialpädagogin soll an der Schoul iwerhuelen, an Collaboratioun an Coopératioun mat dem Léierpersonal, mat dem sozio-édukativem Personal vun den maisons relais, mat den Elteren an mat allen Partner, déi ronderem d´Kand sin. Dat dofir den Sozialpädagog oder d´Sozialpädagogin och mol "ausswärts" (ausserhalb der Schoul an ausserhalb der Schoulzeit) aktiv ass, schengt mir logesch. Fir mech ass et wichteg, dat d´Missiounen kloer definéiert sin, dat d´Zieler och erréechbar sin. Dofir muss éen och déi noutwenndeg Zeit firgesin, fir Préparatioun, Concertatioun, Erzéihungspläng, Weiderbildung, asw ... Dat léist sech an der tâche festhaalen. Waat net ka sin, ass dat e Sozialpädagog oder eng Sozialpädagogin esouwuel an der Schoul, wéi och an den maisons relais, wéi och an der Lasep, wéi och asw... fir alles zoustänneg ass, do vermeschen sech e puer Missiounen woubei keng méi professionnell kann erléedegt gin. Ech regrettéieren och zudéifst, dat bei der élaboratioun vun den RGD d´Enseigngants-Gewerkschaften eleng fir en avis gefroot gin sin, an déi gréissten éducateur an éducaterus gradués - Associatioun net vum zoustännegen Ministär considéréiert gin ass. Ech hoffen, dat an déem ganzen strukturellen Duerchenéen, déen elo an der neier Schoulorganisatioun herrscht, den Sozialpädagog an d´Sozialpäadagogin sech werten kennen behaapten, och emol Member an den "comité d´école" kann gin an endlech als gleichwertegen Partner (mat gleichwertegen Studien!) betruecht gett. Mat beschte Gréiss, Viviane Loschetter |
|